D’Entente vun de kathoulesche Veräiner ass de 14. Mäerz 1949 gegrënnt ginn. D’Statute goufen den 13. Mee 1949 am Mémorial verëffentlecht. Et war dëst an enger schwéierer Zäit, wou d’Solidaritéit nach vill bedeit huet. Grënnungspresident war den H. Reuland, Vizepresident de Ch. Reiles, Sekretär de J.P. Belche, Keesjee de J. Braun a Comitésmemberen de J. Hilger, de C. Snel, de M. Wark, den A. Weinachter an de C. Zehren.

Dat éischt Schrëftstéck, wat an den Archiven ze fannen ass, dréit den Datum vum 15. August 1949, an invitéiert fir den 18. August 1949 op déi éischt Versammlung vun der „Association sans but lucratif – Entente des organisations catholiques de Pétange“ um 20 Auer am Kaplounshaus op Nummer 3 vun der Kierchestrooss. Am Rapport vun dëser Reunioun gëtt festgehalen, datt de Sekretär d’Originnen an d’Zil vun der Entente erklärt. An enger Deliberatioun gëtt ë.a. festgehalen, datt d’Entente vun de kathoulesche Veräiner der Entente vu Péiteng bäitrëtt an d’Cotisatioun op 200 Frang fir Veräiner an 100 Frang fir Memberen festgeluegt gouf.

Aus engem Schreiwes vum 16. Februar 1950 geet ervir: „Fir den 1. März get um 8 Auer am neien Sall önnerum Pârhaus en Opklärungs- a Wahlversammlung vum Conséil d’aministr. ofgehâlen“. Zweck vun deer am Mäerz 1949 gegrënnter Asbl war, de Bau vun engem Veräinshaus anzeleeden. Am „Pe’tenger“ heescht et: „Fir d’Wuel vun eisem Jonktem, fir sozial kulturell a religie’s Veranstaltungen, fir e modernt Pârliewen, as e katho’lescht Vereinshaus vun allergre’sster Wichtigkêt!“ All Awunner krut d’Méiglechkeet de Bauveräin all Mount mat engem Bäitrag ze ennerstëtzen. Wien dernieft aktiv am Bauveräin matschaffe wollt, konnt sech als „Membre associé“ mellen.

D’Enner bei eneen kréie war net einfach

Enn 1950 hat sech schon ee Kapital vun 180 720,03 Frang ugesammelt an et konnt dru geduecht ginn, en Terrain ze kafen. D’Asbl war bestrieft, en zentral geleeënen Terrain ze fannen. Schlussendlech ass vun de Geschwëster Decker an der Kierchestrooss e Grondstéck vun 16,60 Ar fir 185 000 Frang kaaft ginn. Den Akt ass den 24. Februar 1951 ënnerschriwwe ginn.

Fir elo d’Suen fir de Bau zesummenzekréien goufen Soiréeën, Theaterowender, Geldlotterien an de Verkaf vun Insigneën organiséiert.

D’Pläng vum Escher Architekt Christian Scholl fir de Bau waren Ufank 1952 do. De 16. Februar 1952 ass d’Demande fir de Bau un de Staatsarchitekt geschéckt ginn an de 25. Abrëll 1952 un d’Ponts et Chaussées, déi den 23. Mee 1952 d’Autorisatioun ginn hunn. D’Submissioune fir Terrassementsaarbechten an de Réibau sinn den 19. Mäerz erausgaangen a sollte bis den 3. Abrëll 1952 zeréckgeschéckt sinn. D’Aarbechten krut den Entrepreneur Antoine Tollini vu Péiteng.


 


 

Fir den éischte Steen ze leeën gouf de Buergermeeschter mam ganze Gemengerot fir sonndes, den 15. Juni 1952 invitéiert. De Grondsteen gouf vum Escher Dechen M. Weber geseent. Den 18. Oktober gouf d’Strauss gefeiert. Duerno hunn eng Rei Fräiwëlleger mat Hand ugepaakt, fir an enger Onmass vu Stonnen ze hëllefen de Neibau fäerdeg ze maachen.

Fir d’Rechnungen bezuelen ze kënnen, huet de Verwaltungsrot den 29. Januar 1953 d’Decisioun geholl, sougenannt „Bon de construction“ fir 250, 500, 1000, 5000 an 10 000 Frang erauszeginn. Joreszënsen vun dräi Prozent si versprach ginn an d’Kapital sollt no fënnef Joer zeréckbezuelt ginn.

Den 13. Mäerz 1953 huet de Schäfferot matgedeelt kritt, datt duerch Generositéit vun de Leit schon 800 000 Frang opgedriwwe konnte ginn. Dat ass awer nach net duergaang fir d’Käschte vun 2,5 Millioune Frang ze droen, duerfir ass en Appell fir eng finanziell Ennerstëtzung un d’Gemengeverwaltung gaang. Op dës Demande huet den deemolege Buergermeeschter den 14. Abrëll 1953 negativ reagéiert.

An dach ass et viru gaang. De 27. Juni 1954 ass den Home St. Hubert ageweit ginn. Een Dram fir vill Veräiner ass Realitéit ginn. Méi wéi 400 Leit waren am neie Festsall, wéi den Bëschof -Koadjutor Lommel dat neit Gebäi geseent huet.

D’Raim si mat Liewe gefëllt ginn

Villes ass an deene 50 Joer geschitt, zënter den Home seng Dieren op huet. D’Raim si matt Liewe gefëllt ginn. Groussen Undeel haten heirunner déi Veräiner, déi regelméisseg hei hir Aktivitéiten haten. D’kathoulesch Männeraktioun, de Lëtzebuerger Gewerkschaftsbond (LCGB), d’Chorale Sainte Cécile, de Syndicat professionnel des cheminots luxembourgeois (Syprolux), d’Jeunesse étudiante catholique (JEC), d’Jeunesse étudiante catholique féminine (JECF), Guilde des Guides et Scouts adultes, d’Péitenger Guiden a Scouten souwéi d’Fraen a Mammen.

Aus ville Grënn huet sech mat der Zäit een Ausbau opgedrängt. De 7. Februar 1970 ass de Café Rallye opgaangen. Och de Café war net méi zäitgeméiss an ass mat der Renovéierung vum Home an dësem Joer komplett nei gemeet ginn. Hien dréit haut de Numm Café am Home. Am selwechte Joer huet d’Haus eng nei Voccatioun kritt. De 27. September ass mat enger „Quinzaine de la jeunesse“ den Home zu engem Jugend- a Kulturhaus ginn, ouni awer d’Idealer aus de Jore vu virdrun aus den Aen ze verléieren.

1977 krut d’Entente nei Statuten. 1978 huet de Verwaltungsrot eng gréisser Schold op sech geholl, fir am November 1978 mat den Aarbechte vun engem Neibau unzefänken an deem spéider Däbessen aus der Gemeng an enger Crèche betreit ginn. Dës Institutioun huet haut nach Bestand, huet awer näischt mat den Aktivitéite vum Home ze dinn, dien elo an engem ganz neie Liicht de Veräiner aus der Uertschaft an doriwwer eraus wäerd grouss Dingschter leeschten. Dëst war awer nëmme méiglech, wëll déi heiteg Gemengeresponsabel d’accord waren d’Renovéierungsaarbechte mat engem substantiellen Subsid ze ënnerstëtzen.